RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

Episod 102 - Tëscht Ateliers protégés an éischtem Aarbechtsmarché
Wou steet Lëtzebuerg? An dësem Episod schwätze mir mam Aarbechtsminister Marc Spautz an der Christine Zimmer, Chargée de Direction vun Info-Handicap iwwert d’Aarbechtssituatioun vu Mënsche mat Behënnerung zu Lëtzebuerg. No der Info-Handicap-Veranstaltung vum 19. Mee, wou et ëm Erfarungen aus den Ateliers protégés an dem éischten Aarbechtsmarché goung, wollte mir méi wëssen. Wéi eng Erausfuerderunge ginn et fir Betraffener a Patronen? A wat kënnen déi nei Reforme wierklech verbesseren? Eng spannend Diskussioun iwwer Inclusioun, Chancen an d’Zukunft vun der Aarbecht.
Audio and video play straight from the show's own hosting. PodSubs stores and serves no media.
