Skip to content
PodSubs
ShowsPeopleGuestsJobsNewsEvents
More
BlogPodCred
Menu
ShowsPeopleGuestsJobsNewsEventsBlogPodCredNetworksSign in
Join nowSign in
  • Shows
  • People
  • Jobs
  • News
  • More
    • Guests
    • Events
    • Blog
    • PodCred
    • Networks
    Join nowSign in

Minett Mash-Up: De Podcast

Minett Mash-Up: De Podcast artwork

Episod 45: Carlo Pallucca X Héichuewen B

Jan 30, 202643 minAudio
ShareXLinkedInFacebookWhatsAppEmail

Kontaktéiert eis Och 2026 maache mer viru mam Minett Mash-Up, dem Wanderpodcast aus dem Minett. All Mount mat engem Invité a vun enger anerer Plaz. An dësem Joer geet et an eise Gespréicher ëm d'Geschicht vun de Minnen, de Schmelzen an de Dagebaugebidder - an och ëm d'Transformatioun vum "Bassin Minier" an en UNESCO-Biosphärereservat. De roude Buedem vum Minett steet am Mëttelpunkt vun eisem industriellen Ierwen, a fir dësen Episod maache mir eng Zäitrees zréck an d'Joer 1997. Wéi gewinnt gëtt dësen Episod realiséiert mat der Ënnerstëtzung vun eise Partner-Organisatiounen: dem Centre National de la Culture Industrielle (CNCI) an dem MUAR - Musée vun der Aarbecht. D'Location vum Mount: Den Héichuewen B Fir dësen Episod si mir am Restaurant SCHMELZ um Fouss vum Héichuewe B um Belval. Dës Plaz ass historesch: Hei gouf 1997 déi lescht Schicht am nach aktiven Héichuewe gefuer. Haut gesäit et hei komplett anescht aus. Wou fréier d'Hëtzt vum geschmolten Eisen ze spiere war, kann een haut e Patt drénken oder e Maufel iessen. Laanscht d’Héichiewen, wou schwéier geschafft gouf, flanéieren haut Studenten, ginn et Butteker a wunne Leit. D'Transformatioun vum Belval ass e beandrockend Beispill dofir, wéi industriell Frichë kënne nei genotzt ginn - ouni hir Geschicht ze vergiessen. Eisen Invité: Carlo Pallucca Eisen Invité ass Carlo Pallucca - e Mann, deen d'Geschicht vum Minett net just aus Bicher kennt, mee selwer matgeschriwwen huet. De Carlo war ee vun deenen Aarbechter, déi op der leschter Schicht vum Héichuewen B an der Schmelz vun der ARBED Belval am Joer 1997 geschafft hunn. Hien ass domat en Zäitzeie vun engem historesche Moment: dem Enn vun enger Ära, déi d'Lëtzebuerger Industrie iwwer Joerzéngte gepräägt huet. Am Gespréich mat him goe mer op Froen a wéi: Wéi huet en 'typesche Schaffdag' um Héichuewen B ausgesinn? Wat waren déi gréissten Erausfuerderungen am Alldag? Wéi huet d'Aarbecht um Héichuewen d'Mënsche kierperlech a mental beaflosst? Wéi war et unzekucken, datt den Héichuewen C demontéiert gouf - an ze wëssen, datt ee beim Enn vun enger Epoch dobäi ass? De Carlo deelt mat eis seng ganz perséinlech Erfarungen, Erënnerungen a Gefiller aus dëser Zäit. De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht). Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/ Followed eis op Instagram

Audio and video play straight from the show's own hosting. PodSubs stores and serves no media.

Hosts and Guests

Nobody is credited on this episode yet.

Credit the people on this episode

Be the first to rate this episode

More episodes

All episodes
  1. Episod 54: Jean-Marie Ottelé X CNCI

    Oct 30, 202641 minAudio

    Kontaktéiert eis Industriegeschicht, Eisebunn a kollektiivt Gediechtnes Wat bleift vun enger Fabrick, enger Eisebunnsstreck oder engem Beruff, wann d’Gebaier verschwannen an déi lescht Zäitzeien hir Geschichten net méi...

    Credit the people on this episode

  2. Episod 53: Pascal Plein X Pompelhaus (Metzeschmelz)

    Sep 25, 202645 minAudio

    Kontaktéiert eis Wéi erzielt een d’Geschicht vun enger Regioun, déi vum Eisen, vum Stol a vun de Leit gepräägt gouf, déi hei geschafft a gelieft hunn? Am 53. Episod vum Minett Mash-Up hëlt de Pascal Plein eis mat op eng...

    Credit the people on this episode

  3. Episod 52: Doris Thilmany X Schifermusée Maartel

    Aug 28, 202655 minAudio

    Kontaktéiert eis Schifer, Aarbecht an Erënnerung D’Geschicht vun der Aarbecht ënner Dag féiert dës Saison vum Minett Mash-Up net nëmmen an d’fréier Eisenäerzminnen am Süde vum Land. Och am Éislek gouf ënnerierdesch...

    Credit the people on this episode

  4. Episod 51: Nicole Bausch & Pol Belardi X Lallengerbierg

    Jul 31, 202645 minAudio

    Kontaktéiert eis D’Story hannert „Minettsdapp“ Fir dësen Episod vum Minett Mash-Up geet et eraus op de Lallengerbierg, eng markant Plaz an der Minett UNESCO Biosphere, wou Natur, Industriegeschicht a kreativ...

    Credit the people on this episode

  5. Episod 50: Alain Guenther X Schmelzaarbechter Musée

    Jun 26, 202643 minAudio

    Kontaktéiert eis Tëscht Stol, Erënnerung a Solidaritéit D’Geschicht vum Minett ass net nëmmen eng Geschicht vu Minnen, Héichiewen a Stol. Et ass och eng Geschicht vu Mënschen: vu Schmelzaarbechter, vu Familljen, vu...

    Credit the people on this episode