
Zéng Joer war d'Schmelz dout — haut brennt hei erëm Feier: Ferro Forum
Zéng Joer laang war op der Metzeschmelz zu Esch näischt méi lass. Haut gëtt an der aler Hal vum Zentralatelier erëm Eise gegoss, geschmied a gefléckt - vun engem Veräin, deen de Site nei belieft. Am Ferro Forum treffe sech Elektriker, fréier Schmelzaarbechter, Ingenieuren a Kënschtler. Mir hu mam Misch Feinen, Grënnungsmember a fréiere President, an dem Joe Simon, aktuelle President, geschwat: Wat ass eigentlech eng Schmelz? Wien huet sech hei viru 50 Joer d’Hänn dreckeg gemaach? Wéi vill vun der Geschicht vun de Schmelzen ass bis haut guer net opgeschriwwe ginn? A wat bleift vun dëser Plaz, wa ronderëm e ganz neie Quartier entsteet? Eng Episod iwwer Eisen, Erënnerung an d'Loscht, eppes mat den Hänn ze maachen. De Ferro Forum besiche kommen: den 17. Oktober am Kader vun de Journées européennes du patrimoine. Hors d'Œuvre - all Mount Geschichten, Leit a Projeten, déi eppes zu Lëtzebuerg beweegen. Abonnéiert Iech, fir keng Episod ze verpassen. Déi nächste Kéier: Luxembourg Tech School. 00:00 Intro 00:40 1871, 2011, 2019 - dräi Datumer 02:44 Wéi et hei virun 50 Joer war 04:30 Wat ass eigentlech eng Schmelz? 05:37 Wien huet hei geschafft? 07:44 D'Geschicht, déi nach net geschriwwen ass 10:22 Dem Misch säi Wee: vum Grousspapp bis an d'Hal 13:47 Dem Jo seng éischt Visitt 16:05 Vum Benevole bis President 19:43 Wat dënschdes a samsdes hei geschitt 22:28 Firwat Handwierk haut nach zielt 37:37 Wat géif verluer goen? 43:14 Journées du patrimoine, 17. Oktober 44:12 Är Froen aus dem Glas 50:38 Fënnef kuerz Froen 54:56 Outro
Audio and video play straight from the show's own hosting. PodSubs stores and serves no media.

