Ausgerechent Politik - 2 Schwësteren. 2 Mandater. Een ongewéinlechen Wee.

KI, Algorithmen & Reegelen
Wat ass KI eigentlech - a wéini gëtt et op eemol fir Politik relevant?
An dëser Episod schwätze mir iwwert Algorithmen, Donnéeën a Kënschtlech Intelligenz - net theoretesch, mee unhand vu Beispiller aus dem Alldag. Vu Plattformaarbecht iwwer Online-Plattforme bis bei automatiséiert Entscheedungen, déi beaflossen, wat mir gesinn, wat mir kréien - oder net.
Mir erkläre, firwat d’EU mat Reegelen ewéi dem Digital Services Act (DSA) an dem AI Act agegraff huet, wat dës Gesetzer konkret änneren a wou se scho Wierkung weisen - mee och, wou nach Loft no uewen ass.
Audio and video play straight from the show's own hosting. PodSubs stores and serves no media.

